AG 2023

 Dëst Joer huet d’Assemblée Générale net wei soss üblech am Kolléisch statt fonnt, mee am Hotel Cravat an der Stad. 

No der AG waren d’Athena Divers nach op de Chrëschtmaart an de Kugener eppes iessen an hunn och nach en Tour iwwert de Chrëschtmaart gemaach.

Boschmolenplas

Den éischten Weekend am September waren d’Athena Divers op Boschmolenplas vir ee verlängerten Tauchweekend.

Meet-Up

AG 2022

Dive4Life 2022

Den 16. Abrëll waren d’Athena Divers am Dive4Life zu Siegburg.

Gudden Wëllen 2022

Den Doneschden den 3. Februar haten mir en flotten Owend am Gudden Wëllen.

AG 2021

Den Mëttwoch den 29. Dezember war rëm d’AG vun den Athena Divers. Dëst Joer konnten mir se Dank Covid Check rëm wei gewinnt an der Salle Audiovisuelle vum Kolléisch duerchfeieren. Et huet gutt gedoen d’Memberen vum Club rëm an Persoun ze gesinn an sech face-à-face auszetauschen.

No der AG waren mir wei ëmmer beim Pepe vir eppes ze Iessen an en Patt ze drénken.

Déi dräi fräi Platzen goufen vun Alex, vum Bruce an vum Tom besat. Zousätzlech ass den Pit als Coopté engagéiert ginn, vir den Comitéë weider ze ënnerstëtzen. Mir als Comitéë freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht an sinn gespaant op all nei Iddi déi des nei Memberen an den Comitéë  eran bréngen.

Een Member vun der Tauchoptioun aus dem LAML war op eiser AG. Den LAML huet säit kuerzem eng Tauchoptioun déi reegelméisseg op Tauchstagen, déi zesummen mam Athénée organiséiert sinn, geet. An dësem Kader gouf diskutéiert wei eng Integratioun mat den Athena Divers méiglech ass.

D’Carole huet d’Flassa op eiser AG vertrueden. Hat huet eis ënner anerem iwwer d’Pläng vir dëst Joer 50 Joer Flassa ze feieren informéiert.

Den Stage vir 2022 war natierlech och en grousst Thema. Nodeems Bali 2021 net méiglech war, soll probéiert ginn op et 2022 machbar ass. D’Ziel ass et awer dëst Joer op allefalls een Backup-Plang ze hunn, falls et rëm net machbar ass.

L’Estartit 2021

Och wann d’Pandemie eis 2021 rëm en Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, hunn mir et trotzdeem geschafft en flotten Stage ofzehalen. D’ursprénglech Pläng waren en groussen Stage zu Bali ze maachen, mee d’Onsécherheeten op mir iwwerhaapt bis dohin kommen, hunn eis gezwongen an leschter Sekonn emzeplangen.

Eisen Plang B war L’Estartit. Dëst gouf an kierzter Zäit mat vollem Asaz organiséiert, sou dat mir Samschdes den 21. August um 4 Auer mat engem vollen Minibus an beschter Laun Richtung L’Estartit gestart sinn.

 

Dësen Stage war een rengen Vakanzen Stage, sou dat jiddereen niewent dem Tauchen d’Zäit zu L’Estartit voll Notzen konnt vir ze entspanen. Egal op dat Nomëttes op der Siesta bei der Piscine, Sonndes op der Pool Party am Flamingo, op der Marche Gourmande nom Tauchgang zréck bis bei den Hotel oder natierlech owes beim Mojito op der Terrass vum Flamingo war.

D’Woch war dann och méi schnell eriwwer wei een kucken konnt, an sou bleift nëmmen nach dësen Réckbleck op en flotten Stage mat enger super Equipe.

Trotzdeem hoffen mir all dat mir d’nächst Joer vun L’Estartit fort kommen, an een méi wäiten, exoteschen Stage realiséieren kennen.

AG 2020

Op dem 2. Chrëschtdag war d’AG vun den Athena Divers. Wann ech hei eisen Präsident frei zitéieren däerf, dann war et “Déi éischt, an hoffentlech och déi lescht online Assemblée Générale dei d’Athena Divers maachen mussen.” Trotz dësem méi onglécklechen Format war et eng gelongen Versammlungen. Dëst war niewent der interaktiver Präsentatioun, awer och der grousser Unzuel un Memberen déi sech bei der Versammlung blécken gelooss hunn ze verdanken. Dofir en groussen Merci un jiddereen deen do war.

No der Allocatioun vum Präsident, huet d’Carole George vir d’Flassa d’Wuert ergraff, an déi wichtegst News vun der Flassa der Assemblée matgedeelt. Donieft gouf der AG wei ëmmer en Réckbléck iwwert dat lescht Joer, an een Ausbléck iwwert dat folgend Joer gemaach. De groussen Highlight vum nächsten Joer ass natierlech eisen Stage zu Bali.

Mir hoffen dat mir iech all op der nächster AG rëm an Persoun gesinn kennen. Bleift Gesond!

Ären Athena Divers Comitéë

End of content

No more pages to load