Member ginn

Laut Artikel 5 aus eise Statuten kënnen folgend Persounen Member vun den Athena Divers ginn:

  • All Schüler, fréier Schüler an Personal vum Athenée de Luxembourg.
  • All Persounen, déi un engem Tauchstage, organiséiert vum Aténée de Luxembourg oder vun den Athena Divers, participéiert huet. 

Dir wëllt Member ginn? Näischt mei einfach wei dat. Wann dir d’Critèren, vir Member vun den Athena Divers ze ginn, erfëllt, dann fëllt dëse Formulaire aus an schéckt en eis op athena.divers@outlook.com. Dono musst dir nëmmen nach är Kotisatioun op eise Konto bei der Spuerkeess iwwerweisen:

BCEELULL LU48 0019 4455 5486 5000

Gitt w.e.g. ‘ Kotisatioun + Numm + Virnumm‘ als Referenz bei ärem Virement un.

D’Kotisatioun ass:

  • 20€ vir Memberen <= 25 Joer (Schüler an Studenten)
  • 30€ vir Memberen > 25 Joer

, wann dir se bis den 31. Mäerz am lafenden Joer bezuelt. Dono ass se 10€ méi deier. 

Domadder hutt dir är Memberskaart bezuelt, an dir sidd offiziell Member a kritt all Informatioune vun eis geschéckt.

Dir hutt nach méi Froen?

Kontaktéiert eis einfach op athena.divers@outlook.com oder mellt iech direkt bei engem Comitésmember.