Sarano 2020

Den Mëttwoch den 12. Februar war den François Sarano zu Lëtzebuerg an huet een interessanten Virtrag iwwer Haien gehalen.

boot 2020

Den 26. Januar waren d’Athena Divers op d’Boot zu Düsseldorf.

AG 2019

D’AG 2019 huet an der Salle Audiovisuelle vum Stater Kolléisch stattfonnt. An dëser Assemblée Générale gouf en klengen Réckbléck vum Joer gemaach an d’Aktivitéiten vir 2020 presentéiert. D’Athena Divers hunn sech och gefreet vir Gäscht vun der Flassa an vun Odyssea ze empfänken.

Dot Mandater vum Comité no den Statuten vun den Athena Divers dréi Joer gutt sinn, war et dëst Joer Zäit en neien Comité ze wielen. Aus dem alen Comité huet een Member sech net nach eng Kéier vir d’Wal opgesat. Et hunn sech zwou nei Persounen gemellt vir an den Comité ze goen. Do dëst net déi maximal Unzuel vun 10 Leit iwwerschratt huet, goufen all déi déi sech opgesat hunn vun der AG an den Comité gewielt.

Den neien Comité besteet aus:

Armin Thon – President
Michel Brausch – Vize-President
Pit Beffort – Sekretär
Paul Kugener – Tresorier
Cathy Wolter
Emilie Wildschutz
Nick Beffort
Tom Brosius
Yves Huberty

No der AG gouf sinn d’Athena Divers nach eng eppes an den Pepe iessen gaangen.

STAGE CURACAO 2019

Wei déi lescht Joren, waren d’Athena Divers erëm déi lescht Woch am August op hiren Tauchstage. Do d’Memberen sech op der AG eng exotesch Destinatioun vir den Stage gewënscht haten, ass d’Wahl op Curaçao gefall. No dem éischter relaxen Stage vum leschten Joer, huet hei de Club alles vum Iessen, iwwert den Transport, bis natierlech d’Tauchen selwer organiséiert. Obwuel Tauchen vun der Küst aus heiansdo ustrengend war, war et eng excellent Geleeënheet vir all d’Participant ze trainéieren autonom se tauchen, an selbstverständlech d’Navigatioun ënner Waasser ze meeschteren an ëmmer erëm den Wee zréck ze fannen.

Mee dat war nach net genuch et goufen och verschidden Formatiounen ofgehalen. Den prakteschen Deel vun engem P3 gouf ugefaangen. Een P3 an een P2 sinn erfollegräich ofgeschloss ginn.

Op den zwee tauchfreien Deeg haten d’Memberen Zéit sech Curaçao an Willemstadt en bëssen unzekucken, an sou och eppes vun der Insel iwwer Waasser ze gesinn.

Een aneren Highlight vun der Rees war natierlech och d’Owesiessen dat ëmmer vun enger anerer Grupp zoubereet gouf.

Stau 2019

Den Sonnden waren d’Athena Divers op den Stau Tauchen an Grillen. Dat kaalt Wieder huet eis net vum Tauchen ofgehalen. No dem Tauchgang gouf sech beim Grill opgewiermt. Verschidden Memberen hunn d’Chance genotzt vir Epreuven vir hiren P2 ze maachen.

TODI 2019

Den Ouschterweekend waren d’Athena Divers an den TODI an der Belsch tauchen. Des war wei dat lescht Joer déi éischt grouss Tauchaktivitéit vir no dem laangen Wanter erëm an d’Tauchen eran ze kommen.

AG 2018

Den Sonnden den Owend, den 23. Dezember, hunn ronn 50 Memberen un der Generalversammlung vun den Athena Divers deelgeholl. Des huet dëst Joer an der Salle audiovisuelle vum Kolléisch stattfonnt.

Niewent dem Rapport iwwert d’Aktivitéiten vum vergaangenen Joer, gouf och vill iwwert zukünfteg Pläng an Projeten diskutéiert. Ënnert anerem gouf sech iwwerluet, wou den nächsten Stage kéint higoen, mee awer och wei een d’Kommunikatioun zwëschen dem Comité an den Memberen verbessert kéint ginn. Dofir gëtt et elo eng Whatsappgrupp an där iech den Comité iwwert zukünftegt Eventer informéiert. Wann dir nach net an dëser Grupp dran sidd, dann schreift eis eng Email.

Nodeem d’Arbescht gemaach war, gouf an der Antica Trattoria bei enger Pizza oder Pasta nach en bëssen gepotert.

Stage Egypten 2018

An der leschter Woch am August sinn d’Athena Divers op een Stage an Egypten gaangen. Hei hunn eng Woch laang vill flott Tauchplatzen, mat eisem Schëff, dem Blue Planet 1, besicht.

Mir hunn ënner anerem Tauchgäng op der Thistlegorm an op den Brother Inselen gemaach. Thistlegorm ass een Wrack vun engem briteschen Transportschëff aus dem 2. Weltkrich.

D’Brother Inselen, dat heescht den Big an den Little Brother, waren definitiv een Highlight vun der Rees. Op deser Platz déi bekannt dofir ass, dat een Haien gesinn kann, hunn mir dann och deementspriechend vill Haien gesinn.

TODI 2018

Déi éischt Aktivitéit vir d’Joer 2018, war den 31. Mäerz een Ausfluch an den TODI. Den TODI ass een Indoor Tauchzentrum an der Belsch. Hei konnten mir eis an engem groussen Tauchbaseng, mat enger maximaler Déift vun 10 Meter, nom Wanter erem un d’Tauchen gewinnen. Vir dat een och eppes ze kucken huet, ass dësen Baseng mat tropeschen Seisswaasserfësch gefëllt.

AG 2017

Um Donneschden, den 28. Dezember haten d’Athena Divers hir alljäerlech Generalversammlung. Niewent engem Réckbléck iwwert dat läscht Joer, an engem Iwwerbléck iwwer déi geplangten Aktivitéiten vir d’nächst Joer, goufen et och Changementer am Comité. Zwee Memberen hunn leider den Comité verlooss, mee dofir sinn awer och 4 nei Leit nei an den Comité komm, vir dësen bei senger Aarbecht am Joer 2018 ze ënnerstëtzen.

No der Assemblée ass den Club nach eppes zesummen an den Peperoncini iessen gaangen.

End of content

No more pages to load