Och 2020 hunn d’Athena Divers et geschafft trotz Corona een Tauchstage ze realiséieren. Am August ass et mat enger Equipe vun 18 Memberen Richtung L’Estartit gaangen, eng vun den top Tauchlocations am Mëttelmier.

Een Grond firwat et dëst Joer mol rëm op L’Estartit gangen ass, ass, niewent den flotten Tauchspotten an enger lieweger Ënnerwaasserwelt, dat vill Leit sech gemellt hunn vir eng Formatioun ze maachen. An den Wochen an Méint virun L’Estartit hunn sech d’Kandidaten zu Lëtzebuerg op hiren jeeweilegen Tauchschein virbereet, vir dann en gudden Deel vun den prakteschen Epreuven an Exercicer zu L’Estartit ze maachen. Sou gouf eng P2 Formatioun an fënnef P3 Formatiounen duerchgefeiert.

Niewent den prakteschen Exercicer goufen och d’Virträg iwwer d’Faune an d’FLore Owes bei engem killen Gedrénks gehalen. Des war natierlech en Virdeel vir den ganzen Grupp, well een lo mol och wosst, wat een genau bei den Tauchgäng gesinn huet.

Mir haten um Stage och déi grouss Chance dréi Memberen vun eisem Partner Odyssea ze begréissen, an vun dësen vill interessant Infoen iwwer Mieresbiologie an Conservatioun ze kréien.

An dann haten mir natierlech och nach eng ganz Grupp Memberen dobäi, déi nëmmen eng flott Tauchvakanz mat villen schéinen Tauchgäng an flotten Owender genéissen wollten. Och an dësem Grupp konnt sech keen beschwéieren, L’Estartit huet einfach vir jiddereen eppes ze bidden.

Des Vakanz war dann och déi eicht wou eisen neisten Merchartikel virgestallt an agesat gouf. D’Athena Divers hunn lo hiren eegenen Surfponcho, oder besser gesot Tauchponcho. Dësen Poncho ass ideal vir sech nom Tauchgang drënner anescht unzedoen oder en einfach ganz unzehalen an domat gemittlech zréck an den Hotel ze goen. Mat dem Athena Divers Tauchponcho ass een ni underdressed an d’Zäiten wou een nom Tauchgang fréieren muss sinn eriwwer. Bei Interesse um Poncho mellt iech bei engem Comitésmember et wäerten nach sécher nei Bestellungen opgeholl ginn.