Den Mëttwoch den 29. Dezember war rëm d’AG vun den Athena Divers. Dëst Joer konnten mir se Dank Covid Check rëm wei gewinnt an der Salle Audiovisuelle vum Kolléisch duerchfeieren. Et huet gutt gedoen d’Memberen vum Club rëm an Persoun ze gesinn an sech face-à-face auszetauschen.

No der AG waren mir wei ëmmer beim Pepe vir eppes ze Iessen an en Patt ze drénken.

Déi dräi fräi Platzen goufen vun Alex, vum Bruce an vum Tom besat. Zousätzlech ass den Pit als Coopté engagéiert ginn, vir den Comitéë weider ze ënnerstëtzen. Mir als Comitéë freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht an sinn gespaant op all nei Iddi déi des nei Memberen an den Comitéë  eran bréngen.

Een Member vun der Tauchoptioun aus dem LAML war op eiser AG. Den LAML huet säit kuerzem eng Tauchoptioun déi reegelméisseg op Tauchstagen, déi zesummen mam Athénée organiséiert sinn, geet. An dësem Kader gouf diskutéiert wei eng Integratioun mat den Athena Divers méiglech ass.

D’Carole huet d’Flassa op eiser AG vertrueden. Hat huet eis ënner anerem iwwer d’Pläng vir dëst Joer 50 Joer Flassa ze feieren informéiert.

Den Stage vir 2022 war natierlech och en grousst Thema. Nodeems Bali 2021 net méiglech war, soll probéiert ginn op et 2022 machbar ass. D’Ziel ass et awer dëst Joer op allefalls een Backup-Plang ze hunn, falls et rëm net machbar ass.