Och wann d’Pandemie eis 2021 rëm en Stréch duerch d’Rechnung gemaach huet, hunn mir et trotzdeem geschafft en flotten Stage ofzehalen. D’ursprénglech Pläng waren en groussen Stage zu Bali ze maachen, mee d’Onsécherheeten op mir iwwerhaapt bis dohin kommen, hunn eis gezwongen an leschter Sekonn emzeplangen.

Eisen Plang B war L’Estartit. Dëst gouf an kierzter Zäit mat vollem Asaz organiséiert, sou dat mir Samschdes den 21. August um 4 Auer mat engem vollen Minibus an beschter Laun Richtung L’Estartit gestart sinn.

 

Dësen Stage war een rengen Vakanzen Stage, sou dat jiddereen niewent dem Tauchen d’Zäit zu L’Estartit voll Notzen konnt vir ze entspanen. Egal op dat Nomëttes op der Siesta bei der Piscine, Sonndes op der Pool Party am Flamingo, op der Marche Gourmande nom Tauchgang zréck bis bei den Hotel oder natierlech owes beim Mojito op der Terrass vum Flamingo war.

D’Woch war dann och méi schnell eriwwer wei een kucken konnt, an sou bleift nëmmen nach dësen Réckbleck op en flotten Stage mat enger super Equipe.

Trotzdeem hoffen mir all dat mir d’nächst Joer vun L’Estartit fort kommen, an een méi wäiten, exoteschen Stage realiséieren kennen.