Op dem 2. Chrëschtdag war d’AG vun den Athena Divers. Wann ech hei eisen Präsident frei zitéieren däerf, dann war et “Déi éischt, an hoffentlech och déi lescht online Assemblée Générale dei d’Athena Divers maachen mussen.” Trotz dësem méi onglécklechen Format war et eng gelongen Versammlungen. Dëst war niewent der interaktiver Präsentatioun, awer och der grousser Unzuel un Memberen déi sech bei der Versammlung blécken gelooss hunn ze verdanken. Dofir en groussen Merci un jiddereen deen do war.

No der Allocatioun vum Präsident, huet d’Carole George vir d’Flassa d’Wuert ergraff, an déi wichtegst News vun der Flassa der Assemblée matgedeelt. Donieft gouf der AG wei ëmmer en Réckbléck iwwert dat lescht Joer, an een Ausbléck iwwert dat folgend Joer gemaach. De groussen Highlight vum nächsten Joer ass natierlech eisen Stage zu Bali.

Mir hoffen dat mir iech all op der nächster AG rëm an Persoun gesinn kennen. Bleift Gesond!

Ären Athena Divers Comitéë