Den Sonnden den Owend, den 23. Dezember, hunn ronn 50 Memberen un der Generalversammlung vun den Athena Divers deelgeholl. Des huet dëst Joer an der Salle audiovisuelle vum Kolléisch stattfonnt.

Niewent dem Rapport iwwert d’Aktivitéiten vum vergaangenen Joer, gouf och vill iwwert zukünfteg Pläng an Projeten diskutéiert. Ënnert anerem gouf sech iwwerluet, wou den nächsten Stage kéint higoen, mee awer och wei een d’Kommunikatioun zwëschen dem Comité an den Memberen verbessert kéint ginn. Dofir gëtt et elo eng Whatsappgrupp an där iech den Comité iwwert zukünftegt Eventer informéiert. Wann dir nach net an dëser Grupp dran sidd, dann schreift eis eng Email.

Nodeem d’Arbescht gemaach war, gouf an der Antica Trattoria bei enger Pizza oder Pasta nach en bëssen gepotert.