TODI 2018

Déi éischt Aktivitéit vir d’Joer 2018, war den 31. Mäerz een Ausfluch an den TODI. Den TODI ass een Indoor Tauchzentrum an der Belsch. Hei konnten mir eis an engem groussen Tauchbaseng, mat enger maximaler Déift vun 10 Meter, nom Wanter erem un d’Tauchen gewinnen. Vir dat een och eppes ze kucken huet, ass dësen Baseng mat tropeschen Seisswaasserfësch gefëllt.

AG 2017

Um Donneschden, den 28. Dezember haten d’Athena Divers hir alljäerlech Generalversammlung. Niewent engem Réckbléck iwwert dat läscht Joer, an engem Iwwerbléck iwwer déi geplangten Aktivitéiten vir d’nächst Joer, goufen et och Changementer am Comité. Zwee Memberen hunn leider den Comité verlooss, mee dofir sinn awer och 4 nei Leit nei an den Comité komm, vir dësen bei senger Aarbecht am Joer 2018 ze ënnerstëtzen.

No der Assemblée ass den Club nach eppes zesummen an den Peperoncini iessen gaangen.

Stage L’Estartit 2017

Déi lescht Woch am August waren d’Athena Divers vir den Summerstage zu L’Estartit. Hei haten mir eng flott Woch mat villen spannenden Tauchgäng.

AG 2016

No engem schwéiere Start, war de Freiden den 23. Dezember déi eicht Assemblée Générale vun den Athena Divers. Den 9. November 2014 hunn sech d’Athena Divers déi eicht Kéier bei der FLASSA virgestallt, a sinn provisoresch opgeholl ginn. Een Joer méi spéit, sinn d’Athena dann definitiv vun der FLASSA opgeholl ginn.

Am Dezember 2016 war dann déi éischt Assemblée Générale. Op dëser AG gouf dann och den éischten Comité vun den Memberen gewielt. No der Versammlung sinn d’Memberen zesummen eppes an den Peperoncino iesse gaangen.

 

End of content

No more pages to load