Iwwert d'Athena Divers

Athena Divers ass e lëtzebuergeschen Tauchveräin, deen 2014 gegrënnt gouf. Dësen Veräin ass aus der Tauchoptioun vum Stater Kolléisch entstanen.

D’Tauchoptioun ass fir d’éischt am Schouljoer 2010-2011 op 2ème ugebuede ginn. An deene Joren duerno ass de Succès ëmmer méi grouss ginn, a momentan gëtt d’Optioun vun 3ème bis 1ère ugebueden.

Eise Club ass un d’Lëtzebuerger Tauchfederatioun FLASSA affiliéiert (insgesamt 16 Veräiner) a Member vun der CMAS. Zur Zäit huet de Club quasi 100 Memberen, dovu sinn déi meescht Anciens-/ a Schüler aus dem Athénée de Luxembourg.

D’Athena Divers goufen gegrënnt fir vill flott Aktivitéiten ronderëm d’Tauchen ze organiséieren. Sou plange mir Tauchstagen am Ausland, Trainingen an der Fosse an an der Piscine Geesseknäppchen, Plongéeën um Stau asw…

Selbstverständlech kann een sech bei eis och weider forméieren.  Niewent dem P1, P2 a P3 huet een d’Méiglechkeet en Nitroxbrevet N1 ze maachen.